#ettelbreck — Public Fediverse posts
Live and recent posts from across the Fediverse tagged #ettelbreck, aggregated by home.social.
-
🌳Arboretum zu #Ettelbréck - Vu "Lost Place" zu engem richtege Schmuckstéck!
Merci dem Thomas Rob fir déi spannend Erklärungen an déi flott Visite guidée, Merci him a senger ganzer Équipe fir hir wäertvoll Aarbecht a Merci jidderengem dee matkomm ass!
-
"Zu #Ettelbréck sinn d'Raimlechkeete vill ze kleng. Do rennen d'Leit eis awer d'Bud an."
Schéi Chrëschtdeeg iech alleguerten! https://100komma7.lu/news/Stemm-vun-der-Strooss-Raimlechkeeten-un-der-Limitt-D-Leit-rennen-eis-d-Bud-an?pd=radio
-
De Budgetsvote zu #Ettelbréck ass zwar réischt nächst Woch, ech wëll iech awer den ulkegsten Artikel dorauser net weider virenthalen.
Eng Etude de faisabilité iwwer d'Fro ob een d'Fussballterrainen (oder een) am Däich méi héich ka leeën, spréch op Stelze ka setzen.
Ob esou eppes muss een 1) mol réischt kommen an 2) och nach de Culot hunn dat an de Budget ze setzen 😄
-
Et ass Budgetszäit.
Zu #Ettelbréck versiche mer nawell ëmmer fair mam Schäfferot ëmzegoen an includéieren an eis extern Kommunikatioun och positiv Punkten. Dat waren der d'lescht Joer 4.Bei engem huet de Schäfferot besser geschafft wéi ugekënnegt. Een gouf zumindest zum Deel ëmgesat (ech hu keng nei Gucki-Zeechen zu Ettelbréck gesinn). Bei 2 ass dëst Joer nix geschitt, an een dovunner schéngt komplett gecancelled.
Mol kucken, ob mer dëst Joer nees positiv Saachen ervirsträichen 😅
-
"Eng Verbesserung kéint et iwwerdeems geschwë beim berüchtegte Rond-Point beim Däich zu Ettelbréck ginn. Do wiere sech d'Gemeng #Ettelbréck a Ponts et chaussées eens, fir Adaptatiounen ze maachen. Wéi eng genee, gouf awer nach net verroden."
Weess net wisou bei esou Saachen ëmmer op geheim gemaach gëtt. Wat kann ee scho bei engem Rond-Point maachen, datt Autoe méi séier derduerch kommen? 🧐 https://www.rtl.lu/mobiliteit/news/a/2344775.html -
An der zweeter Fro ass et ëm ee méigleche Subside fir Veräiner gaangen déi nohalteg schaffen. D'Svenja wollt sech hei beim Schäfferot ofsécheren, datt en eis Propose vum Prinzip hir ënnerstëtzt befir hatt domadder an d'Emweltkommissioun geet fir de Subside auszeschaffen.
D'Fro an Äntwert dozou kann een hei nolauschteren: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2025/09/250922-Fro-Okosubsiden.mp3
#Ettelbréck #luxpol -
☢ Réckbléck op de Gemengerot zu #Ettelbréck déi lescht Woch
Déi lescht Woch hat d'Svenja Birchen 2 Froen an de Gemengerot matgeholl. An där éischter goung et ëm d'Gemengenallianz déi sech géint d'Verlängerung vu Cattenom gebild huet. Den LSAP-CSV-Schäfferot hat sech bis elo net grouss mat där Thematik beschäftegt, hëlt d'Fro vum Bäitrëtt awer mat op den Nordstadniveau. Zur Info: Schieren ass vun Ufank un derbäi.
Déi ganz Diskussioun kann ee sech hei ulauschteren: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2025/09/250922-Fro-Antiatomallianz.mp3
-
Beim Streetwork: Wéi laang ass dat schonn en Thema? Mëttlerweil seet jiddereen, datt #Ettelbréck vun esou engem System profitéiere géing. Zwar huet de Schäfferot sech bei der leschter Budgetsdebatt oppe gewisen eppes an déi Richtung ze ënnerhuelen, gläichzäiteg gëtt awer bei all neier Diskussioun kloer, datt vill Majoritéitsgemengeréit hei näischt maache wëllen.
Mir bleiwen op alle Fall bei all dësen (an aneren) Themen drun! 🌻 #luxpol
-
🌻 Réckbléck op de leschte Gemengerot
D'Svenja Birchen hat zwou Froen agereecht. Bei der Éischter ass et ëm d'Notze vu Kënschtlecher Intelligenz op der Gemeng gaangen. Eis war nämlech opgefall, datt d'Gemeng op hirem FB-Account ee Post mat engem vu KI generéiertem Bild versinn hat.
Audio: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2025/07/250714-Fro-KI.mp3Bei der Zweeter wollt eis Gemengeréitin wëssen, wéi d'Gemeng sech géint Problemer an der Gestioun vun de Finanze schützt. Audio: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2025/07/250714-Fro-Finanzskandaler.mp3 #luxpol #Ettelbréck
-
Et gëtt och eng nei Rubrik um Site. An zwar sammele mer d'Questions parlementaires déi vun eis an der Sektioun initiéiert goufen. Dat ass bis elo réischt eng, mä do soll geschwënn eng zweet derbäi kommen. https://ettelbreck.greng.lu/parlamentaresch-froen/
Alles mam Zil, datt ee kee Social Media brauch fir iwwer eis Aarbecht informéiert ze sinn.
Hutt dir soss nach Iddien? #luxpol #Ettelbréck -
Ech verstinn ëmmer besser, wisou ëmmer manner Berichter iwwer Gemengeréit an den Zeitunge sinn. Et ass eng fuurchtbar langweileg Aufgab.
Dat gesot, de Website ass nees aktuell ^.^ https://ettelbreck.greng.lu/eis-aarbecht-am-gemengerot/ #luxpol #Ettelbréck
-
Dat war da wuel vill méi een Onsécherheetsagent https://www.rtl.lu/news/national/a/2323634.html #ettelbréck
-
🗣 Ee Méinden ass zu #Ettelbréck de leschte Gemengerot virun der Summerpaus
Och fir dëse Gemengerot huet eis Gemengeréitin Svenja Birchen zwou Froe fir de Schäfferot preparéiert. Eng Kéier geet et drëms, wéi d'Gemeng sech géint d'Ennerschloe (an änlechem) vu kommunale Gelder schützt. An der zweeter Fro wëll d'Svenja gäre wëssen, wéi (an ob) an der Gemeng mat KI geschafft gëtt an ob et dozou Consignë vum Schäfferot un déi verschidde Servicer gëtt. #luxpol
-
Politik ass just nach performativ, et gëtt keng inhaltlech Ausenanersetzung méi mat deem wat ee wisou mécht - a mir steet et an dësem Fall bis zum Hals.
Wat #Ettelbréck op der enger Säit fir d'Kanner mécht ass top. Ech kann a wëll dat net kritiséieren.
Op der anerer Säit hu mer halt een CSV-Schäffen, deen de Kanner eng ganz Rei vu Rechter, déi hei zelebréiert solle ginn, ewech huele wëll - a gëtt dobäi vun LSAP-Buergermeeschter bis déi oppositionnell DP verteidegt. #luxpol -
Gëschter ass am Ettelbrécker Gemengerot iwwer déi nei Délibération concordante zur #Nordstad-Fusioun ofgestëmmt ginn. Et geet drëms de Fusiounswëllen nach eng Kéier ze bestätegen an eng konkret Zäitschinn festzeleeën ('27 Referendum, '29 Fusioun). Ouni Iwweraschung war dee Vote hei eestëmmeg dofir. Änlech sollt et och zu Schieren an Dikrech ausgesinn. Ierpeldeng-Sauer a Bettenduerf si mer dodergéint ee komplett Rätsel.
D'Diskussioun zu #Ettelbréck hei: https://ettelbruck.lu/citoyen/wp-content/uploads/sites/2/2024/05/04_Fusion-Nordstad_2024_05_22.mp3 #luxpol
-
Ech weess net wisou ech dann awer ëmmer nach drop rafalen. Verlooss dech ni op Decisioune vu Politiker*innen an engem Walkampfjoer. Dat lescht Joer war et fir d'éischt zu #Ettelbréck verbueden Freedefeier fir Silvester ze schéissen, dëst Joer gouf et dann elo erëm erlaabt.
Dann alt nach eppes wat fir dat nächst Joer op d'To Do-Lëscht geschriwwe gëtt.
-
Wann der d'Budgetszuele fir déi nächst Jore vun #Ettelbréck kennt, da wësst der och wisou dat do elo dringend ass.
(Onofhängeg dovunner ass d'Fuerderung awer och richteg.)
https://www.rtl.lu/news/national/a/2147537.html #luxpol -
Wéi war dat? CSV, LSAP (an DP) maachen elo och Klima- an Emweltschutz? Also zu #Ettelbréck mol net.
Déi nei-al LSAP-CSV-Koalitioun weist an hirer Schäfferotserklärung net, datt se erkannt huet wéi déif mer bspw. schonn an der Klimakris drastiechen. Sou wëll ee just de Minimum vun deem maache wat verlaangt ass a gëtt sech keng Ziler bei der energetescher Sanéierung vu senge Gebaier. Dem Naturpakt wëll een doriwwer eraus aktuell och net bäitrieden.
Ganz Stellungnam: https://grenglokal.lu/content/uploads/sites/28/2023/10/231016-Stellungnam-Schafferotserklarung.mp3
-
Gëschter gouf d'Schäfferotserklärung fir #Ettelbréck virgestallt. Gi grad duerch déi schrëftlech Versioun.
Et gëtt par Rapport zu viru 6 Joer een neit Kapitel fir de Logement. Den Inhalt ass awer net nei. Do stinn zu 4/5 déi selwescht Saachen dran wéi schonn an anere Kapitelen déi leschte Kéier 🤷🏻♂️
Mäi Liiblingspunkt hei ass awer mat Sécherheet, datt een net ze séier wuesse wëll. #luxpol
-
CW: Walkampf, Ettelbréck
Mir hunn als Gréng zu #Ettelbréck versicht och e bëssen inhaltlech Walkampf op Facebook ze maachen. Wahrscheinlech net genuch, mä déi aner 3 Parteien hunn et guer net mol probéiert.
Gespaant, ob et eppes bruecht huet oder et awer méi clever ass just op Käpp ze setzen. Fir e puer Diskussiounen hu se op alle Fall gesuergt ^.^
(D'Bild mat der Foussgängerzon kënnt réischt muer, ass also Weltpremière hei.) #gw23 #walen23

CW: Gemengewalen, Portraitsfotoen
Yey!
Säit gëschter géint 3 Auer sinn ech ganz offiziell mol nees eng Kéier Kandidat bei enger Wal, an dat zu #Ettelbréck
Si jo och scho rëm 10 Joer hir säit dem dat déi leschte Kéier de Fall war. Deemols gouf et duerno ee Wiessel, hoffe mer dee gëtt et dës Kéier och :) #Walen23Hunn och endlech meng zwou Fotoe krut @pitwenkin @Punk_Frog 😋
-
An ee knappe Mount méi spéit sinn ech do op d'Welt komm ^.^
Et ass fir mech ëmmer nach schwéier virstellbar, wéi déi (relativ) kleng Waark esou krass iwwertriede konnt, datt d'Klinik iwwerschwemmt gouf. #Ettelbréck #Lëtzebuerg