#luxpol — Public Fediverse posts
Live and recent posts from across the Fediverse tagged #luxpol, aggregated by home.social.
-
"Seitdem halten sie ihre Kongresse unter Ausschluss der Öffentlichkeit ab."
Dat sollt verbuede sinn.Wann ech bedenken wéi vill Aarbecht mir eis an der Ufankszäit gemaach hu fir eis Kongresser ze streamen...
https://www.tageblatt.lu/Meinung/Die-Transparenz-Partei-scheitert-an-ihren-eigenen-Anspruechen-66948.html #luxpol -
De Gloden ass schonn ee klenge Witzbold. https://www.rtl.lu/news/national/wann-dpatrull-hatt-missen-an-den-asaz-war-ech-matgaangen-1783124555 #luxpol
-
No esou Aussoen, mierkt ee rëm wéi egoistesch d’Adr wierklech ass. Natierlech ass d’Canicule guer net schlëmm, wann een de Privileeg huet ee kille Gaart ze hunn an eng Klimaanlag am Haus. Mee bei ville Leit ass d’Realitéit eng aner!
Vill Leit leiden: Op der Aarbecht, an de Schoulen, an de Klinicken, an an eise Alters- a Pfleegeheemer. Eis gréng sinn déi Leit net egal.
#lëtzebuerg #luxpol -
"Och d’Carole Hartmann kennt de geneeën Inhalt vum Accord nach net."
Sinn ech deen Eenzegen, deen dat weird fënnt?
https://100komma7.lu/news/Fir-eis-wichteg-datt-eng-CSV-net-schwachelt-seet-d-DP-Presidentin-Carole-Hartmann?pd=radio -
Steierentlaaschtunge fir Topverdénger?
💶 Sozial gerecht geet anescht! Déi ugekënnegt Reform muss fir eis gréng méi sozial gerecht gemaach ginn. Déi riskant Steierkaddoe vun der Regierung sinn och keng „Politik fir d’Mëtt“, well genee déi schaffend Mëtt spéiderhinn d’Rechnung wäert zervéiert kréien, wann d’Staatskeess iergendwann eidel ass. Mir soen dofir: besser haut méi Belaaschtung un der Spëtzt, wéi muer fir déi breet Mëtt. #luxpol
-
Iebsebulli, Quetschentaart oder Eeërtriwwel sicht een an dësem Bistro laang! D’politesch Delikatessen déi d’CSV-DP Majoritéit Lëtzebuerg zervéiert, déi schmaachen der Barkeeperin glat a guer net. Hätt si net besser, hiren eegene Bisto opzeman?🍸
A wat soll do zervéiert ginn? Sot eis et!
#luxpol #luxembourg #lëtzebuerg -
Wat mir elo géinge maachen:
➡️ Méi héich Bäihëllefe fir E-Mobilitéit, energetesch Sanéierungen a klimafrëndlech Heizsystemer
➡️ Méi Ënnerstëtzung fir Betriber bei der energetescher Transition
➡️ Endlech de „Leasing Social“, fir och Leit mat méi klengem Akommes virum fossille Präisschock ze schützen
➡️ Ausbau vun de Wärmenetzer fir proppert, emissionsfräit HeizenLiest hei de ganze Communiqué ➡️ https://greng.lu/aktualiteit/reform-des-klimabonus-im-kontext-des-iran-konflikts-ein-klares-signal-zugunsten-von-bezahlbarer-energie-jetzt/ #luxpol #luxembourg
-
Décke Gas? Oder éischter déck Präisser?
D’Energiepolitik vun CSV an DP gëtt eng deier Wichs!All Kéier wann al Männer e Krich op der Welt ufänken, mussen d’Bierger*innen nach méi déif an d’Täsch gräife fir Elektresch, Gas a Besinn
An amplaz d’Energiewend ze beschleunegen, fir aus där deierer Ofhängegkeet erauszekommen, dréckt d’Regierung op d’Brems:
manner Hëllefen fir Solaranlagen, E-Autoen oder Veloen. #luxpol #lëtzebuerg -
Datt d'Lenert elo mol nach net soe kann, datt et net Spëtzekandidatin fir d'LSAP wäert sinn ass dach Ragebait. #luxpol
-
De Polidori schreift wisou hie mengt, datt et elo ee Social Media Verbuet fir Jugendlecher braucht. #luxpol
https://www.wort.lu/politik/wie-social-media-eine-ganze-generation-verformt/150059138.html -
D’Resultat no der éischter Hallschent vun dëser Regierung ass net déck 🙄
Mir froen eis ob si iwwerhaapt nach Loft huet fir déi 2. Hallschent? #luxpol #luxembourg #lëtzebuerg -
Vote électronique : vers un projet pilote destiné aux électeurs à l'étranger https://www.chd.lu/fr/institutions-vote-electronique-recherche-echange-13avril2026
Et gëtt esou lues eescht #luxpol
-
Pétition publique n°3984
L’introduction du féminicide dans le code pénal. -
Déi hei Question parlementaire vum Keup wäert mengen ech e bëssen Opmierksamkeet generéieren.
Hien freet all d'Ministèren wéi eng ONGen finanziell oder anescht subventionnéiert/ënnerstëtzt goufen.